Datt de Marc Spautz selwer fréier Gewerkschaftler war an elo och nach als gewerkschaftsno gëllt, mécht der UEL keng Angscht.
“Et gëtt e Koalitiounsaccord an an deem beweege mir eis. An iwwer déi Sujeten diskutéiere mir, soudatt ech awer mengen, datt mir och mat engem Marc Spautz ganz gutt wäerte virukommen. Et ass jo net Egalwat, wat mir fuerderen, mee ganz raisonéiert an – vun eiser Säit aus – ganz intelligent Fuerderungen.”
Weiderfuere wéi bis elo
Vum neien Aarbechtsminister Marc Spautz wënscht de Michel Reckinger sech, datt een an deem selwechten Esprit géif weider fuere wéi bis elo.
“Nämlech oppe mateneen diskutéieren, datt mir kënne weisen, wou déi eenzel Problemer sinn. Ech mengen et si siwe Punkten, déi nach um Ordre du jour stinn. A mir si scho weiderkommen. Mir hunn och scho mam Marc Spautz doriwwer geschwat (...) An do hu mir op kengem Punkt iergendwou onüberwindbar Problemer.”