Radioen

On air

9 bis 1  |  Drife - On The Run

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mexikanesch Buergermeeschtesch op oppener Strooss ëmbruecht ginn

Kuerz no de Presidentewalen

Mexikanesch Buergermeeschtesch op oppener Strooss ëmbruecht ginn

A Mexiko gouf eng Buergermeeschtesch ëmbruecht. Dat een Dag nodeems d‘Claudia Sheinbaum als éischt Fra als nei Presidentin vu Mexiko gewielt gouf.

auto_stories

1 min

Police Mexiko | © Olivier Brisson / Flickr
Foto: Olivier Brisson / Flickr

D‘Yolanda Sánchez, Buergermeeschterin vu Cotija, am west-mexikanesche Staat Michoacan, wier op oppener Strooss vu bewaffnete Männer ugegraff ginn, déi an enger Camionnette ënnerwee waren, hu Vertrieder vun der lokaler Regierung preziséiert.

No de Responsabele géif gesicht ginn. Iwwert d‘Hannergrënn ginn et nach keng offiziell Informatiounen. Vertrieder vun der Police hätte lokale Medie gesot, si géife Member vun engem Drogekartell verdächtegen, sou Agence France Presse.