arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Methamphetaminn am Wäert vun iwwer enger Millioun Euro an engem Uewe fonnt

Parquet deelt mat

|
reading time

1 min

Methamphetaminn am Wäert vun iwwer enger Millioun Euro an engem Uewe fonnt

Gréisser Drogesaisie am Cargozenter um Findel: Den 23. Abrëll goufe bei enger cibléierter Kontroll 90 Kilo Methamphetaminn entdeckt. D’Droge koumen aus Südamerika a sollten an een Drëttland weider transportéiert ginn. Si waren an engem Uewe verstoppt.

reading time

1 min

Photographies de la saisie : le four dans son emballage en bois d’origine et trois cassettes de « protection » contenant des produits stupéfiants. | © Administration des douanes et accises
Photographies de la saisie : le four dans son emballage en bois d’origine et trois cassettes de « protection » contenant des produits stupéfiants. (Foto: Administration des douanes et accises )

Methamphetaminn ass eng syntheetesch Drog, déi illegal a Laboe produzéiert gëtt. De Konsum vun där Substanz feiert zu enger staarker Stimulatioun vum zentralen Nervesystem. Dat léist Euphorie aus, suergt fir méi Energie a reduzéiert d’Gefill vu Middegkeet. Et ka staark ofhängeg maachen, suergt fir Onrou, intensiv Angschtzoustänn, paranoid Episoden Halluzinatiounen a kardiovaskulär Stéierunge wéi en héije Bols a Blutthéichdrock.

Wäert vun iwwer enger Millioun Euro

Methamphetaminn wier a Westeuropa nach manner staark verbreet, géif awer ëmmer méi am internationalen Handel opdauchen, esou de Parquet a sengem Schreiwes.

D’Drogen, déi fonnt goufen, hunn e Wäert vun iwwer enger Millioun Euro. Eng Enquête soll kläre wien hanner dësem Drogenhandel stécht.