arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Messerugrëff an engem Zuch am Norde vu London

Groussbritannien

|
headphones

1 min

Messerugrëff an engem Zuch am Norde vu London

Um Samschdegowend goufe méi Leit an engem Zuch an England nidder gestach. D’Enquête leeft – vill Froe sinn nach op.

headphones

1 min

© EPA/TOLGA AKMEN
(Foto: EPA/TOLGA AKMEN)

Den Zuch steet, der BBC no, weider op der Gare am Norde vu London. D’Police ass weiderhin am Asaz. D’Stroosse ronderëm d’Gare si gespaart. D’Spueresécherung huet hir Zelter opgebaut. 

10 Persoune goufe blesséiert an hu missen an d’Spidol bruecht ginn. 9 vun hinne sinn a Liewensgefor. 

Zwee presuméiert Täter konnten nach op der Plaz selwer festgeholl ginn. Zu den Hannergrënn gëtt et nach keng Informatiounen. 

De brittesche Premier Keir Starmer huet den Ugrëff als “e schrecklechen an zu déifst beonrouegende Virfall” beschriwwen. 

Den Zuch war op der Héicht vun der Stad Huntingdon, an der Grafschaft Cambridgeshire, ronn 100 Kilometer vu London fort. Der Police no warden Zuch um Wee vun Doncaster op London.