arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Meris Sehovic verséchert: Néi Buslinn wäert weiderhi bei d'Escher Spidol fueren

Esch

|
headphones

1 min

Meris Sehovic verséchert: Néi Buslinn wäert weiderhi bei d'Escher Spidol fueren

Den Escher Mobilitéitsschäffe Meris Sehovic huet zum Deel Versteesdemech fir d‘Kriticken un de neien Escher TICE an RGTR Linnen. Besonnesch am Viséier war d‘Linn 7, déi an Zukunft net méi beim Escher Spidol CHEM soll stoe bleiwen. Déi néi Buslinn soll dëse Busarrêt awer weiderhin ufueren.

headphones

1 min

D‘Kommunikatioun ronderëm de néie Fuerplang vun de Busser wier net ganz optimal gewiescht,  esou den Escher Schäffen. Hien wéisst awer och, datt de Mobilitéitsministère elo géif Efforte maachen, fir an Zukunft net nees déi selwecht Feeler ze widderhuelen. 

Duerch déi schlecht Kommunikatioun wieren eng Rei Mëssverständnisser an där ganzer Geschicht entstanen, notamment déi, datt d'Escher Spidol CHEM an Zukunft net méi géif ugefuer ginn. 

"An dat ass awer ganz sécher net richteg."

Et wier richteg, datt an Zukunft d'Buslinn Nummer 7 net méi wäert dohinner fueren. Mee déi aner Linnen, déi och elo scho beim CHEM hale bleiwe géifen dat och weider hi maachen, heescht et vum Meris Sehovic. 

D'Buslinn 7 gëtt d'Linn 641

D'Linn 7 géif duerch d'Linn 641 ersat ginn. Dës néi Buslinn wäert um selwechten Tracé wéi d'Linn 7 fueren an deemno och d'Escher Spidol usteieren.

Als Gemeng hätt een net ganz vill Afloss op des Re-Organisatioun vun de Linnen, esou nach de Meris Sehovic. Den Deputéierten vun déi gréng an Escher Schoulschäffen huet och nach betount, datt et an Zukunft zu enger Rei Verbesserungen an der Gemeng komme wäert.