arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mercosur-Accord: Brasilie setzt d'EU ënner Drock

Landwirtschaftspolitik

|
headphones

1 min

Mercosur-Accord: Brasilie setzt d'EU ënner Drock

Um Bord vum EU-Sommet soll och eng Decisioun iwwer de Mercosur-Accord mat de südamerikanesche Staate falen. Fir e Samschdeg ass d'Signatur fir dëse Fräihandelsaccord geplangt. D'EU steet awer ënner Drock.

headphones

1 min

De brasilianesche President Lula da Silva huet annoncéiert, datt Brasilien den Accord net méi matdroe wëllt, wann d‘EU sech net séier eens ass.

Polen an Éisträich hate schonn annoncéiert géint den Accord ze stëmmen.

Geroden d'Baueren ënner Präisdrock?

Et gëtt elo nach op Frankräich an Italie gekuckt. Et gëtt erwaart, datt Frankräich dogéint gestëmmt. Da kënnt et op déi italieenesch Stëmm u fir eng Majoritéit ze kréien oder net.

D‘Bauere fäerten, datt si ënner Präisdrock gerode par rapport zu gënschtegen Agrarproduiten aus Südamerika.