An de leschten Deeg war jo eng Kontrovers doriwwer entstanen, ob d’Regierungspartei Member an deem Comité wier oder net. Ob d’CSV d’Krittären iwwerhaapt erfëllt, fir Member ze sinn, ass nach onkloer. Ee Prinzip vum Aktiounscomité ass nämlech deen, dass d’EU d’Atompolitik op allen Niveaue refuséiere soll; de Premier Luc Frieden hat awer an der Lescht méi atomfrëndlech Aussoe gemaach.