arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Melania Trump: Zwar op de selwechte Partye wéi den Epstein, mee net mat him befrënnt

Epstein Affär

|
reading time

1 min

Melania Trump: Zwar op de selwechte Partye wéi den Epstein, mee net mat him befrënnt

Ech war ni mam Jeffrey Epstein befrënnt, sot déi US-amerikanesch First Lady Melania Trump an engem Pressestatment am Wäissen Haus. Si wier ni op senger Privatinsel oder a senge Fliger gewiescht - si hätt keng enk Relatioune mat him gehat.

reading time

1 min

Melania Trump | © EPA/ANNABELLE GORDON
Melania Trump (Foto: EPA/ANNABELLE GORDON)

Hire Mann Donald Trump a si selwer wiere just eng Zäitlaang op déi selwecht Partyen invitéiert ginn, wéi dee verurteelte Sexualstroftäter Jeffrey Epstein, esou d‘Prezisioun.

Firwat d‘Melania Trump dee Statement grad elo gemaach huet, ass net kloer. Et gëtt doriwwer spekuléiert, datt si enger Publikatioun iwwer hir Relatioun mam Epstein wollt virgräifen, déi an nächster Zäit usteet.