Radioen

On air

Moiesstudio  |  Recrutementsproblemer am Fleegesecteur

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méiglech Eskalatioun vum Krich duerch ugekënnegt iranesch Attacken

NOEN A MËTTLEREN OSTEN

Méiglech Eskalatioun vum Krich duerch ugekënnegt iranesch Attacken

D’G7-Länner ruffe wéinst der Situatioun am Noen Osten zur Deseskalatioun op. D’Suerg, datt e gréissere Krich kéint ausbriechen, ass weiderhi grouss. Israel ass an héchster Alarmbereetschaft wéinst enger méiglecher Attack vum Iran an der libanesescher Hisbollah Miliz.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl

Den Iran an d‘Hisbollah hu mat Attacken op Israel gedreet, nodeems d‘lescht Woch de politeschen Auslandschef vun der Hamas zu Teheran am Iran, an en héichrangegen Hisbollah Kommandant zu Beirut am Libanon ëmbruecht goufen.

Déi israeelesch Arméi huet de Méindeg Moie gemellt, et hätt een de Wirtschaftsminister vun der Hamas geziilt eliminéiert. D’Hamas confirméiert dat, bezeechent de Mann awer als Ënnersekretär am Wirtschaftsministère.

Iraneschen Ausseministère: Wëlle keng Eskalatioun, mee Israel bestrofen

E Spriecher vum iraneschen Ausseministère sot de de Méindeg Moien op enger Pressekonferenz, et géif een zwar keng Eskalatioun ustriewen, et misst een Israel awer bestrofen, fir ze verhënneren datt d’Lag an der Regioun nach méi onstabil gëtt.

Wéini den Iran déi ugekënnegt Attacken op Israel wäert realiséieren ass nach onkloer. Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken schwätzt allerdéngs vun den nächste 24 bis 48 Stonnen.

USA wëllen Israel ënnerstëtzen

Westlech Länner, dorënner Frankräich, Italien an d’USA ruffen hir Bierger:innen dozou op, de Libanon esou séier wéi méiglech mat kommerzielle Flich ze verloossen.

D’USA hunn Israel schonn hir Ënnerstëtzung zougeschwat. Den US-President Joe Biden huet ugekënnegt dëse Méindeg en Treffe mat senge Sécherheetsberoder zesummenzeruffen, fir iwwert déi rezent Entwécklungen ze diskutéieren. Do virdru well hien allerdéngs e Gespréich mat Jordanië féieren, dat als ee wichtege Partner vun den USA gëllt.

Lauschterenplay_arrow