Déi militant-islamistesch Miliz huet aus dem Süde vum Libanon verstäerkt Rakéiten op Israel geschoss. Israel huet Pläng fir eng méiglech Offensiv géint d‘Hisbollah virgestallt.
Déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock sot virun hirer Noost-Rees de Moien, datt d‘Situatioun un der Grenz tëscht Israel an dem Libanon méi wéi alarmant wier. Eng weider Eskalatioun wier eng Katastroph fir d‘Mënschen an der ganzer Regioun.
Dofir wier et ëmsou méi wichteg, datt endlech eng Waffepaus an der Gazasträif kéim.
Déi däitsch Ausseministerin huet nach emol en Appell un d‘Hamas gemaach fir dem amerikanesche President Joe Biden säi Friddensplang ze akzeptéieren.