arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Curlen zu Lëtzebuerg: Dat Soziaalt steet hei am Virdergrond

Curling

|
headphones

6 min

headphones

6 min

play_arrow

Curlen zu Lëtzebuerg: Dat Soziaalt steet hei am Virdergrond

Zu Mailand kämpfen zënter knapp zwou Wochen déi bescht Curling-Spiller:innen um Äis ëm eng olympesch Medail. E bësse manner kompetitiv geet et op der Kockelscheier zou. Hei ass d’Doheem vun de knapp 50 aktive Lëtzebuerger Curling-Spiller.

headphones

6 min

headphones

6 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Wann d’Schlittschongfuerer Owes vum Äis gedämpt ginn, ass dat de Startschoss fir d’Curler. Op zwou, zirka 40 Meter laange Bunne fänke si dann un hir Steng ze schéissen an d’Äis mat hirem Biesem ze wëschen.

Doduerch schmëlzt déi iewescht Schicht vum Äis nämlech an de Stee rëtscht e wéineg méi wäit. Op dësem Owend hu sech eng gutt Dose Leit op der Kockelscheier zesummefonnt fir ze curlen. Ee vun hinnen ass, wéi sou dacks, de President vun der Curling Federatioun Alex Benoy.

"Ech si bei de Curling komm, well iergendee gesot huet zu mir: Komm eng Kéier mat spillen. Deen huet och Curling gespillt. An deen ass och mat engem Kolleeg eng Kéier heihinner komm."

Déi meescht Leit géife mat engem kommen, dee scho Curling spillt.

Fitness, Taktik an Teamgeescht verbonnen

D’Sportaart, déi hir Originn aus Schottland huet, begeeschtert den Alex Benoy virop duerch hir Villsäitegkeet.

"Déi Komponente Fitness, Taktik an Teamgeescht, déi mech faszinéiert am Curling."

Aner Sportaarten hätte just eppes dovunner, bemierkt hien.

D’Sportaart, déi hir Originn aus Schottland huet, begeeschtert virop duerch hir Villsäitegkeet | © Jo Diseviscourt
D’Sportaart, déi hir Originn aus Schottland huet, begeeschtert virop duerch hir Villsäitegkeet (Foto: Jo Diseviscourt)

"Déi drëtt Hallschent"

Wann een d’Curling-Spiller:innen op der Kockelscheier freet, wat si soss nach un der Sportaart begeeschtert, da kléngt d’Äntwert dacks änlech: Dat Soziaalt an d‘Komerodschaft vum Sport.

Fir de Marc Hansen, President vun engem vun den zwee Lëtzebuerger Curling-Clibb, ass de Match usech dofir net ëmmer den Highlight.

"Et ass och déi drëtt Hallschent, déi interessant ass."

Déi drëtt Hallschent heescht hei: De Béier duerno. De Verléierer gëtt aus an et gëtt bësse gepotert.

Jiddereen:t ka spillen

Curling ass net nëmme sozial, mee och ganz divers. Egal wéi een Alter oder Geschlecht, jiddereen:t kann usech Curling spillen. Och den Nuyt. Hien ass den Ament den eenzege Spiller zu Lëtzebuerg, deen am Rollstull sëtzt. Dat Flott um Curling wier, datt hien zesumme mat Leit ouni Behënnerung an enger Ekipp kéint spillen. Ee klengen Nodeel géif et awer trotzdeem ginn. 

"Déi aner Spiller, déi beweegen sech. Dat heescht, d’Keelt spillt net sou eng grouss Roll. Wann ee sëtzt, muss ee gutt an Thermokleedung gekleet sinn."

Den Nuyt ass den Ament den eenzege Spiller zu Lëtzebuerg, deen am Rollstull sëtzt | © Jo Diseviscourt
Den Nuyt ass den Ament den eenzege Spiller zu Lëtzebuerg, deen am Rollstull sëtzt (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Nuyt mécht och bei Kompetitiounen, wéi dem nationale Championnat, mat. D’Coupe de Luxembourg konnt hien 2024 mat senger Ekipp esouguer gewannen. Den Niveau vum Curling zu Lëtzebuerg wier awer nach e ganzt Stéck ewech vun der Weltspëtzt, erkläert den Alex Benoy.

"Mir sinn an der drëtter europäescher Divisioun. Déi zweet europäesch Divisioun, do si schonn hallef Profien dran."

Vum Olympeschen Dram nach wäit ewech

Dofir bräicht et eng Ekipp vu sechs bis zéng Leit, déi bereet wieren, fënnef Deeg d‘Woch mat engem national Trainer ze trainéieren.

"Deen olympeschen Dram ass ganz wäit ewech fir d'Lëtzebuerger."

Ee grousse Problem gesinn den Alex Benoy an de Marc Hansen doran, datt et keng eege Curling-Hal gëtt. Doduerch wier d’Temperatur vum Äis net ideal an et kéint een net ënner perfekte Konditiounen trainéieren. Dat wier een Nodeel bei de Kompetitiounen.

D'Lëtzebuerger Curler:innen dreeme vun hirer eegener Curlinghal | © Jo Diseviscourt
D'Lëtzebuerger Curler:innen dreeme vun hirer eegener Curlinghal (Foto: Jo Diseviscourt)

De Wonsch vun enger eegener Curlinghal

Trotz de Schwieregkeeten, déi d’Lëtzebuerger Curling Federatioun bei der Entwécklung vun hirem Sport begéint, probéiert ee sech méi professionell opzestellen. Zënter zwee Joer huet een dowéinst och een Nationaltrainer. 

Wie weess, vläicht geet iergendwann och de Wonsch vun enger eegener Curling-Hal an Erfëllung. Bis dohi spillen d’Lëtzebuerger Curler:innen dat ganzt Joer iwwer op der Kockelscheier nieft der Schlittschongpist.

 

play_arrow Lauschteren