D’Zuel vun den Ënnerschrëften, déi néideg sinn, fir datt et zu enger ëffentlecher Debatt kënnt, geet vu 4.500 op 5.500 erop. Reegelméisseg soll dee Seuil op Grond vun der Awunner a Frontalierszuel ugepasst ginn. Dat huet d’Presidentin vun der Chamber-Petitiounskommissioun, d’LSAP-Deputéiert Francine Closener, beim Depot vun deem Text haut de Mëtteg präziséiert.
Déi nei Reegele sollen am Prinzip am Hierscht a Kraaft trieden, wann d’Chamber gréng Luucht dofir gëtt, präziséiert d’Francine Closener.
Zënter 10 Joer gëtt et d’Méiglechkeet vun der ëffentlecher Petitioun. 2.647 ëffentlech Petitioune gouf et bannent deem Joerzéngt, déi zu 77 Debate gefouert hunn, wëll se de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften iwwerschratt haten.