Diskutéiert gouf iwwer d‘Ophiewe vun EU-Douanestaxe fir ukrainesch Agrarimporter. Zu de Produite fir déi elo méi streng Reegele solle gëlle si Gefligel, Eeër, Zocker, Huewer a Mais.
Esou soll an Zukunft nëmmen nach op enger limitéierter Quantitéit u Produite keng Taxe méi opgehuewe ginn. D‘Weessimporter ass der Ukrain sollen net plafonéiert ginn. Dësen Accord muss elo nach vum Europäesche Parlament an den EU-Staaten offiziell ofgeseent ginn.