arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi héich Iessenszoulag fir d'Fonction publique? Dat fuerdert eng Petitioun

Aarbecht

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Méi héich Iessenszoulag fir d'Fonction publique? Dat fuerdert eng Petitioun

Eng Petitioun fuerdert eng Erhéijung vun den Iessenszoulage vun aktuellen 10,80 Euro op 15 Euro pro Schaffdag. D‘Petitioun gouf haut an der Chamber debattéiert. D’Regierung hat argumentéiert, datt Staatsbeamten a Saache Kafkraaft scho vill géifen ënner d’Äerm gegraff kréien.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

Wärend d’Präisser fir Liewensmëttel an de leschte Joren ëmmer méi geklomme wieren, wier d’Allocation de repas am ëffentleche Secteur fir d’lescht 2019 gehuewe ginn, esou d’Argumentatioun vum Mareck Frantzen, deem seng Petitioun bannent kuerzer Zäit iwwer 6.500 Ënnerschrëfte krut. 

Déi aktuell Zoulag géif domat nëmmen een Deel vun de reelle Käschte fir d’Mëttegiessen decken, esou nach de Petitionär. Hien huet och bemängelt, datt am private Secteur d’Chèque-repasen reegelméisseg géifen ugepasst ginn.

"Dës Iessenszoulag war ni als Bonus oder Virdeel geduecht. Et ass eng beruffsbezuelend Zoulag, déi obligatoresch Ausgaben am Kader vun der Aarbecht ausgläicht. Eng Net-Upassung bedeit, dass d'Beamte selwer fir Ausgaben opkomme mussen, déi duerch hir Aarbecht entstinn."

Iessenszoulag net mat Chèque-repasen ze vergläichen

De Minister fir d’Fonction publique, de Serge Wilmes, huet doropshin argumentéiert, datt een aktuell scho vill fir eng gutt Kafkraaft vun alle Beamte maache géif. Dorënner e reegelméissege Gehälteraccord a Punktwäerterhéijungen.

Déi rezent Gehaltserhéijung an der Fonction publique, déi ugangs vum Joer decidéiert gouf, war eng Augmentatioun vun 2,5 Prozent. Dat bei engem aktuellen Duerchschnëttsgehalt vun 9.388 Euro.

D’Salaireserhéijung kéim nach zousätzlech zum Inflatiounsausgläich dobäi, deen zu Lëtzebuerg iwwer den Index gereegelt gëtt. De Serge Wilmes huet och nach aner Avantagë fir Staatsbeamten opgezielt, wéi eng sëllege Kantinnen.

Bei der Iessenszoulag kéint een allgemeng net wierklech de Verglach tëschent ëffentlechem a privatem Secteur maachen, esou nach den CSV-Minister.

"Ënnerscheed ass och, de Chèque-repas däerf just benotzt gi fir wierklech dann Denrées-alimentairen. Beim Staat ass dat net limitéiert. Et kënnt bei de Salaire bäi an du kann s u sech domadder maachen, wat s de wëlls."

Eng Fro fir d'Gewerkschaften

D’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener huet an de Conclusioune vum Debat betount, datt een dëst Uleies net an der Chamber verhandele kéint. Vill méi wieren d’Gewerkschaften hei de richtegen Uspriechpartner, déi jo mat der Regierung d’Gehälterverhandlunge féieren.

"Et ass awer esou, dass d'Chamber elo net kann hei decidéieren a sech am Fong iwwer d'Gehälterverhandlunge beim Staat ewechsetzen."

Dëst ass déi éischt Petitioun mat dem méi héije Seuil un Ënnerschrëften. Mat der neier Prozedur, déi zënter dësem Joer gëllt, musse Petitiounen net méi 4.500, mee 5.500 Ënnerschrëften erreechen.

 

play_arrow Lauschteren