arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi gënschteg Kreditter, manner Zënse beim Spueren: Leetzëns bleift onverännert

Eurozon

|
headphones

1 min

Méi gënschteg Kreditter, manner Zënse beim Spueren: Leetzëns bleift onverännert

Déi Europäesch Zentralbank huet haut, wéi erwaart, den Haaptleetzëns am Euroraum onverännert bei 2 Prozent gelooss. Dat ass fir d‘véierte Kéier hannert eneen, datt d‘EZB näischt un de Leetzënsen ännert.

headphones

1 min

EZB | © picture alliance/dpa | Boris Roessler
EZB (Foto: picture alliance/dpa | Boris Roessler)

Tendenziell sinn niddreg Leetzënse gutt fir d‘Konjunktur: Kreditter gi méi gënschteg, Investitioune ginn an d‘Luucht an de Wirtschaftswuesstem ugekierpt. Leit, déi spueren, kréien allerdéngs manner Zënsen. 

D‘EZB rechent domat, datt d‘Ekonomie an der Eurozon dëst Joer ëm 1,4 Prozent klëmmt, dat wieren 0,2 Prozentpunkte méi wéi nach am September geduecht gi war. D‘nächst Joer soll de PIB ëm 1,2 Prozent klammen. D‘Inflatioun soll, wéi erwaart, bei 2,1 Prozent leien, d‘nächst Joer awer weider klammen.