Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi Rechter fir d'Police: Verschäerfte Platzverweis gouf ugeholl

Ministerrot

Méi Rechter fir d'Police: Verschäerfte Platzverweis gouf ugeholl

Am Ministerrot gouf gëschter um Mëttwoch de verschäerfte Platzverweis ugeholl. D‘Police kritt domat d‘Recht, Leit zur Uerdnung ze ruffen, déi Entréeë vu Gebaier verspären.

auto_stories

1 min

Weider kann d'Police aktiv gi bei Leit, déi den Trafick steieren, Foussgänger belästegen oder haart blären.

Fir d'Police sinn dräi Etappe virgesinn. Déi éischt ass dobäi e Rappel à l'ordre fir déi concernéiert Persoun. Da kënnt et zur Opfuederung, fortzegoen, a finalement kann d'Police och ee mathuelen. Dat mat Force, wann et muss sinn.