Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Fake Borders

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi Plaz fir d'Dikrecher Justiz

1.000 zousätzlech Meterkaree

Méi Plaz fir d'Dikrecher Justiz

De Palais de justice zu Dikrech ass ze kleng. Dofir wäert deemnächst eng Surface vun zousätzlech 1.000 Meterkaree gelount ginn an no de Besoine vum Tribunal amenagéiert ginn.

auto_stories

1 min

Palais de Justice Dikrech | © Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Dës Ukennegung huet d‘Justizministesch Elisabeth Margue an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierten a Buergermeeschter vun Dikrech, Charles Weiler, gemaach.

Domat soll och den zukünftege Besoine virgegraff ginn. De Gesetzprojet iwwert de pluriannuelle Rekrutement vu Magistraten, deen am Summer zejoert op den Instanzewee geschéckt gouf, gesäit iwwert déi nächst 3 Joer 17 nei Posten am Bezierk Dikrech vir, sou nach d‘CSV-Ministesch.