D‘Land schreift haut, datt den Hannergrond Streidereien tëschent der Directrice générale Sylvie Martin an dem Directeur vun de Programmen, dem David Pereira, wieren, déi alle béid d‘Associatioun verlooss hunn.
An och do virdru wieren et schonn eng Partie Departe bei der ONG ginn, wat zu Problemer bei der Gestioun gefouert huet. Dat an engem Ament, wou déi sozial Aarbecht vu Médecins du monde besonnesch wichteg ass, wéinst dem Skandal vun der Caritas.
De Bernard Thill seet am Land awer, datt d‘Associatioun elo awer erëm op de gudde Schinne wier. Medecins du monde këmmert sech ëm Leit, déi keen Accès zu medezinesche Soinen hunn, well se hei am Land net sozial verséchert sinn.