Radioen

On air

9 bis 1  |  Jack Savoretti, Miles Kane - Bada Bing, Bada Boom

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Médecins du Monde Lëtzebuerg: Fuerderunge virun den Europawalen

Europawalen

Médecins du Monde Lëtzebuerg: Fuerderunge virun den Europawalen

Méi Investitioune fir géint sozial Ongläichheete virzegoen, eng legal Basis fir d'Recht op Wunnraum oder nach eng aktiv Positioun fir Fridden an alle Konfliktregiounen. Dat sinn 3 vun de 7 Recommandatiounen déi Médecins du Monde Lëtzebuerg virun den Europawale mécht.

auto_stories

1 min

An engem Communiqué mécht d‘Associatioun drop opmierksam datt jiddereen d'Recht op Zougang zu bezuelbarer a qualitativ gudder gesondheetlecher Versuergung huet. Als Member vun der EU hätt Lëtzebuerg d'Flicht, dës Wäerter ze fërderen. Médecins du Monde fuerdert d‘EU-Deputéiert op, eng staark Positioun fir den universellen Zougang zur Gesondheet anzehuelen, mat der Legaliséierung vun der Couverture Universelle des Soins de Santé (CUSS).