Fir den DP-Familljeminister géif sech doduerch säi Bild vun der Situatioun confirméieren, erkläert hien am 100,7 Interview.
An deene knapp zwee Joer, an deenen hien elo fir den ONA zoustänneg wier, hätt hie sech selwer e Bild vun der Situatioun kënne maachen, esou de Max Hahn. D’Situatioun vun de Strukture wier awer nun emol déi, déi hien als Minister geierft hätt, huet hien ze verstoe ginn.
Hie wéilt d’Situatioun och net schéi schwätzen, ma den ONA hätt an de leschte Jore quasi permanent an engem “Urgence-Modus” funktionéiert. Elo géif et drëm goen, nei Strukturen ze schafen, esou de Familljeminister.
"Fir ebe grad derfir ze suergen, datt mer mat neien, méi moderne Strukturen eis kënnen erlaben, déi manner gutt Strukturen kënnen zouzemaachen."
Eng weider Erausfuerderung fir den ONA wier d’Zesummenaarbecht mat de ville verschiddene Partner.
D’Roll vun de Gemengen
Fir de Max Hahn géife virop d’Gemengen eng zentral Roll spille bei der Schafung vun neie Strukturen.
Am Ufank vu sengem Mandat hätt hie probéiert mat de Gemengen a Kontakt ze trieden a Circulairen ze verschécke fir d’Drénglechkeet vun der Situatioun ze Verstoen ze ginn. Allerdéngs ouni groussen Erfolleg.
"Dofir hunn ech dann de Pilgerstaab geholl. An ech sinn amgaang duerch d'ganzt Land ze goen, besonnesch bei déi Gemengen, déi an dësem Beräich nach net esou aktiv sinn, fir se mol opzeklären, wou ech mierken, datt vill Gemengen net onbedéngt au courant sinn, wat de Staat alles ubitt."
Hie wéilt de Gemengen doduercher d’Suergen huelen, déi eventuell mat dem Bau vun enger ONA-Struktur verbonne wieren. Hie géif probéieren d’Gemengen ze iwwerzeegen och kleng Strukture vu bis zu 30 Better bei sech opzeriichten.
De Staat géif dofir och integral d’Käschten iwwerhuelen.
Den Ament hätte ronn 40 vun den 100 Gemengen hei am Land Refugiéen. De Max Hahn wier eegenen Aussoen no awer mat ville Gemengen an engem positiven Echange fir weider Strukturen opzebauen. Hie géif awer net vill dovun hale fir en obligatoresche Verdeelungsschlëssel anzeféieren. Doduerch kéint een d’Gemengen éischter ofschrecken.
"Wat ass da wann d'Gemeng et herno net mécht? Wann een zu der Gemeng X seet, du muss elo 60 Refugiéë bei där ophuelen an du méchs dat net. Wat géing mer da maachen? Géing mer da soen, dann huele mer deng Sportshal, mer huelen deng Buvette vum Fussball, mer huelen däi Chalet vun de Scouten?"
De Max Hahn géif dofir weider dorop setze fir selwer bei d’Gemengen ze goen an Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten.
Neien Direkter an eng Taskforce
Beim ONA steet Enn des Jores och e Wiessel an d’Haus. Den Direkter vu bis elo, den Yves Piron, wollt säi Mandat net verlängert kréien, wat de Familljeminister Max Hahn och akzeptéiert huet. Dofir géif ee lo no engem neien Direkter sichen.
Den Audit soll dann als “Gebrauchsanweisung” dénge fir Ännerunge beim ONA ëmzesetzen. Dem Direkter soll dann och eng Taskforce zur Säit stoe fir bei de strukturellen Ännerungen ze hëllefen. Déi Taskforce wier och schonn operationell a soll et erlabe fir méi performant ze schaffen, esou de Max Hahn.
Elo misst gekuckt gi wéi eng Recommandatiounen aus dem Audit ee méi séier kéint ëmsetzen. Bei anere Recommandatioune wäert d’Ëmsetzung sech awer iwwer Jore strecken huet hie gewarnt.
"Mee et gëtt eis awer eng Richtlinn mat Pisten, wéi mer den ONA kënnen op méi stabil Féiss stellen."
Gëtt den ONA een établissement public?
Eng “interessant Pist” déi d’IGF am Audit opgeworf huet, wier et och, fir aus dem ONA en établissement public ze maachen. Den Ament ass den Office national de l’accueil eng Verwaltung. Déi juristesch Form vum ONA ze änneren dierft awer kee Selbstzweck sinn, sot de Max Hahn.
Och d’Probleemer vum ONA géifen doduerch net einfach sou verschwannen. Awer gesäit de Max Hahn doran eng Partie Virdeeler. Zum Beispill kéint een doduerch déi interministeriell Zesummenaarbecht an och de Kontakt mat de Gemenge verbesseren.
Als Etablissement public hätt een och bësse méi Fräiraum a puncto Budget a Personalgestaltung.
"Op där anerer Säit ass et natierlech och eng vun de grousse Plus-valueë vun engem Établissement public, datt ee méi reaktiv ass a méi flexibel ass, besonnesch wann et drëms geet zum Beispill Acquisitiounen ze maachen, vun neien Immobilie respektiv Immobilien ze lounen."
Eng nei Opstellung misst awer net onbedéngt iwwer de Wee vun engem Etablissement public goen, huet de Max Hahn präziséiert. Hie kéint sech och virstellen, datt den ONA eng eegen Divisioun géif kréien.
Als Beispill kéint do de CGDIS déngen, dee sech selwer drëm këmmert, Projeten auszeschaffen, ze developpéieren an ze bauen.
Ongewëss Zukunft
Trotz der Kritik déi et am Audit vun der IGF gëtt, huet de Max Hahn betount, datt Lëtzebuerg am internationale Verglach gutt géif do stoe wat d’Capacitéiten ugeet.
"Lëtzebuerg huet iwwer 8.000 Better. Domat si mir ganz wäit uewen um Podium. Vergläiche mer eis beispillsweis mat Holland oder Norwegen, da missten déi Pro Awunner dräimol méi Better hu wéi se haut hunn, fir d'selwecht vill Better ze hu wéi Lëtzebuerg. D'Belsch véiermol esou vill, d'Fransousen aachtmol esou vill an d'Spuenier drëssegmol esou vill."
Et géifen awer och nach ëmmer all Mount ganz vill Leit op Lëtzebuerg kommen. Elleng leschte Mount wieren eng 180 Mënschen ukomm. Wéinst der aktueller geopolitescher Situatioun wéisst een och net wéi déi Zuelen an de nächste Méint wäerten evaluéieren.
De Max Hahn wéilt probéieren dat ze maache wat fir Lëtzebuerg machbar wier, seet hien. Och Lëtzebuerg hätt eng maximal Opnamcapacitéit. E geneeë Chiffer konnt de Max Hahn op Nofro hin awer net nennen.
Wat ee méi Better hätt, wat et méi schwéier géif gi fir zousätzlech Better ze schafen, esou nach de Familljeminister.