Jorelaang hätt déi 40 Joer al Fra, déi hei vir an der Belsch wunnt, jonk Fraen a Kolumbien an d‘Belsch gelackelt a si gezwongen, sech ze prostituéieren. Si wier am Kader vun enger grouss ugeluechter internationaler Operatioun festgeholl ginn, déi gemeinsam vun den europäeschen Autoritéiten, der amerikanescher DEA an de kolumbianesche Geheimdéngschter duerchgefouert gouf.
De Reseau, dee si zesumme mat hirem Partner a Komplizen a Kolumbie bedriwwen huet, wier opgeflunn, well een Affer sech bei de kolumbianeschen Autoritéite gemellt hätt.
D‘Fra, déi hei zu Lëtzebuerg och Gewerkschaftsdelegéiert beim OGBL soll sinn, wier am Moment am Prisong. Op virgule.lu huet d‘Croix-Rouge confirméiert, datt déi Fra fir si schafft.
Déi Lëtzebuerger Justiz huet eis op Nofro hi confirméiert, datt si net an d‘Affär implizéiert ass.