Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mataarbechter:inne vu Galeries Lafayette kréien ee Kollektivvertrag

OGBL deelt mat

Mataarbechter:inne vu Galeries Lafayette kréien ee Kollektivvertrag

D‘Galeries Lafayette hunn en éischte Kollektivvertrag ënnerschriwwen. Wéi den OGBL matdeelt, géife mat deem neie Kollektivvertrag d‘Aarbechtskonditioune vun de 75 Mataarbechter:innen hei zu Lëtzebuerg substantiell verbessert ginn.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann

Doran ass virgesinn, datt si zum Beispill Chèques-repasë kréien. Si hu Recht op méi eng laang Paus a si kréien een Dag Congé bäi fir all 5 Joer Anciennetéit.

Zanter Enn 2019 ass d‘Galeries Lafayette an der Stad.