arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Manner Bürokratie fir Baueren an der EU

Bréissel

|
headphones

1 min

Manner Bürokratie fir Baueren an der EU

Baueren an der EU sollen an Zukunft mat manner Bürokratie geplot ginn, doriwwer si sech d'Vertrieder vun den EU-Staaten a vum Europaparlament zu Bréissel eens ginn.

headphones

1 min

Illustratioun Bauereprotester | © picture alliance/dpa | Christoph Soeder
Illustratioun Bauereprotester (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder)

Kleng Betriber solle méi Geld kréien a manner systematesch kontrolléiert ginn, heescht et vun der dänescher Presidence. Och fir Bio-Betriber soll et méi einfach ginn, Subventiounen ze kréien.

Den Accord muss nach vun den EU-Staaten a vum Europaparlament ofgeseent ginn.