Radioen

On air

Notturno  |  Hannah Ida - Mars Man Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schwieregkeeten dat richteg Gemengepersonal ze fanne gi méi grouss

Virun allem Informatiker, Architekten, Urbanisten

Schwieregkeeten dat richteg Gemengepersonal ze fanne gi méi grouss

D‘Gemengen zu Lëtzebuerg brauchen ëmmer méi Informatiker, Architekten, Urbanisten an aner Spezialisten. Mee dacks ass et schwéier, qualifizéiert Leit mat de richtege Formatiounen an Diplomer fir déi Plazen ze fannen. Den Emile Eicher, President vum Gemengesyndikat Syvicol, mengt, datt dës Problematik an Zukunft nach méi grouss wäert ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Zoonar | Channel Partners

Fir Problemer a Poleemike bei der Besetzung vu Gemengeplazen ze verhënneren, wéi rezent zu Hesper a Sandweiler, plädéiert de Syvicol-President fir eng pragmatesch Approche.

An de Gemengen Hesper a Sandweiler huet d‘Besetzung vu Gemengeplaze rezent fir vill Diskussioune gesuergt. Rieds goung vu Favoritismus, an datt Kandidaten, déi zréckbehale goufen, net déi richteg Diplomer a Formatioune gehat hätten. Den Inneminister Léon Gloden huet schliisslech a béide Fäll eng Astellung, respektiv eng Nominatioun fir eng Astellung, annuléiert.

Schwieregkeeten a villen Domäner

Ofgesi vun der politescher Polemik, déi ronderëm esou Fäll entstoe kann, géif d‘Astellung vu Gemengepersonal ëmmer méi komplex ginn, esou, de Syvicol-President Emile Eicher. Wéinst Facteuren ewéi Wuesstem, Klimawiessel an den Uspréch vun der Populatioun bräichten d‘Gemengen ëmmer méi spezialiséiert Leit, déi se awer net onbedéngt fannen.

"D‘Informatik ass wierklech ganz schwiereg. Mee och alles wat Architektur, Landschafts- a Städteplanung ass, do sinn d‘Leit och net esou heefeg, wéi ee sech dat virstellt. Do muss ee scho wëssen, wat ee genau sicht."

Genee wësse wat ee sicht, wier, dem Syvicol President no, grad eng vun de Schwieregkeeten – dat manner bei grousse Gemengen, well déi spezialiséiert Departementer hunn, déi wësse wat se brauchen, an deementspriechend Erfarung bei de Ressources Humaines an der Ausschreiwung vu Plazen hunn. Méi kleng Gemenge bräichten dofir éischte Allrounder an déi wieren nach méi schwéier ze fannen.

Emile Eicher: Ausschreiwungsprozeduren änneren

Dofir mengt den Emile Eicher, datt et an esou Fäll besser wier, wann d‘Gemengen, ier se eng Plaz schafen an ausschreiwen, fir d‘éischt emol een Appel à Candidature maachen, fir souzesoen de Maart vun disponibelen Aarbechtskräften ze testen.

"An et kuckt een emol, wat et iwwerhaapt um Maart gëtt. Fir mol fir d‘éischt ze kucken, wéi eng Leit kënnt der iwwerhaapt fannen, fir den Job, deen der ubitt."

Dat géif de Gemengen zwar méi Flexibilitéit ginn, wier awer och méi opwändeg, well nach eng, oder zwou Etappen dobäi kéimen.

Méi enk Kooperatioun tëscht de Gemengen

Egal wéi awer, géife besonnesch déi méi kleng Gemengen zu Lëtzebuerg ëmmer méi un hir Limitte stousse fir déi néideg Jobprofiller ze identifizéieren, ze kommunizéieren dann ze rekrutéieren, esou den Emile Eicher.

Dofir géif et sech an Zukunft ëmmer méi ubidden, datt Gemengen eng Persoun zesummen astellen, eventuell am Kader vun engem Syndikat.

"Dat wäert déi Tendenz och vun der Zukunft sinn."

Lauschterenplay_arrow