Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Manktem u Kommunikatioun, Manktem u Policepresenz a Preventivaarbecht

Haaptconclusiounen aus dem Police-Audit

Manktem u Kommunikatioun, Manktem u Policepresenz a Preventivaarbecht

An de Gemenge gëtt et dacks e Manktem u Kommunikatioun tëschent Police an Administratioun an et feelt generell u Policepresenz a Preventivaarbecht. Doriwwer eraus bräichten eng Partie Kommissariater nei Infrastrukturen. Dat sinn d’Haaptconclusiounen aus dem Audit, deen d’Policegeneralinspektioun op Ufro vum féiere grénge Policeminister Henri Kox realiséiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Police | © Alena.K / Bigstock play_arrow
Foto: Archiv

Deen Audit, dee gëschter an der innepolitescher Chamberkommissioun presentéiert gouf, analyséiert den Impakt vun der territorialer Reorganisatioun vun der Police op d’Gemengen. Den Inneminister Léon Gloden seet sech duerch den Audit a senger Demarche confirméiert, fir hie ginn et d‘Prioritéite mat de 4 "Pen", méi Police, méi Proximitéit, méi Presenz a méi Preventioun. Wéi hien déi Conclusiounen a Recommandatiounen aus dem Audit wëllt ëmsetzen, ass aktuell nach net kloer.

Verhältnis tëscht Repressioun a Preventioun verbesseren

Den Inneminister gesäit ënner anerem een Desequiliber tëscht der Preventioun an der Repressioun, deen ee misst ophiewen.

"An deem Audit gëtt ganz kloer gesot, datt d‘Repressioun 80 Prozent vun der Policeaarbecht duerstellt an 20 Prozent d’Preventioun, dat geet mir net duer."

Dohier och de Pilotprojet vun der lokaler Policeunitéit, dee vu Juli un an der Stad an zu Esch lancéiert gëtt. Fir den Escher grénge Schäffen an Deputéierte Meris Sehovic ass et wichteg, datt do keng separat Police entsteet.

Nei Infrastrukturen néideg

A weider gëtt am Audit iwwert déi territorial Policereorganisatioun ënnerstrach, datt et plazeweis un adequaten Infrastrukture feelt. De Marc Goergen vun der Piratepartei proposéiert, datt se op eng zentral Plaz kommen.

"Dat heescht datt mer domat ophalen an engem Duerfkär eleng ze bauen, mee datt mer se esou bauen, datt se visibel sinn an am Beschte mat engem CGDIS zesummen."

Besser Kommunikatioun tëscht de Gemengen an der Police gefuerdert

Nieft der Rekrutéierung vu méi Poliziste geet et och ëm d’Zesummenaarbecht um lokale Plang, seet den LSAP-Deputéeirten Dan Biancalana. Eng Rei Gemenge missten dofir d‘Kompetenzerweiderung vun den Agents municipaux nach an hiert Policereglement schreiwen.

Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer wëllt méi Policepresenz mee och eng besser Kommunikatioun tëscht de Gemengen an der Police.

Lauschterenplay_arrow