Radioen

On air

Thé Dansant  |  Otis Redding - Stand By Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Manifestatioun vum OGBL: Dëse Secteur soll net zu engem Serviceprovider gemaach ginn

Caritas

Manifestatioun vum OGBL: Dëse Secteur soll net zu engem Serviceprovider gemaach ginn

Eng Solidaritéits-Manifestatioun fir d’Caritas-Mataarbechter hat den OGBL an der Mëttesstonn virun der Chamber organiséiert. Mat dobäi waren eng 150 Leit. Den OGBL-Zentralsekretär Smail Suljic huet a senger Ried vun engem Skandal geschwat, wéi an dësem Dossier mat deene Beschäftegten ëmgaange gëtt.

auto_stories

2 min

Foto: Serge Kesseler

Ronn 150 Leit ware bei der Solidaritéits-Manifestatioun fir d’Caritas-Mataarbechter dobäi, déi den OGBL an der Mëttesstonn virun der Chamber organiséiert huet.

Aarbechtsgesetz dierf net ausgesat ginn

Virun der Chamber hat den OGBL an der Mëttesstonn eng Solidaritéits-Manifestatioun fir d’Mataarbechter vun der Caritas organiséiert. Den OGBL-Zentralsekretär Smail Suljic huet a senger Ried vun engem Skandal geschwat, wéi an dësem Dossier mat deene Beschäftegten ëmgaange gëtt.

"Léif Kolleegen, ech hunn hei eppes an der Hand, dat wéilt ech gären dem Krisecomité weisen, dem neie CA vun HUT, awer och der Regierung: Dat nennt sech Code du Travail. Et ass zwar keng Bibel, mee hei sinn awer Gesetzer dran, un déi all Mënsch, deen hei zu Lëtzebuerg Aarbecht gëtt an hëlt, sech muss drun halen. Si sollen ophalen eis mat deene 60 Milliounen ze blenden.

Smail Suljicplay_arrow

Dat wier keng valabel Excuse, fir d’Aarbechtsgesetz auszestezen an d’Leit ënner Drock ze setzen, esou den Zentralsekretär.

De Smail Suljic huet kritiséiert, datt een Transfert d’Entreprise soll ëmgaange ginn. Amplaz géif Drock op déi 350 bis 360 Caritas-Beschäftegter gemaach ginn, fir datt si hir Aarbechtsverträg kënnegen, an nei Verträg mat der neier Entitéit “Hëllef um Terrain” (HUT) sollen ënnerschreiwen.

Marc Spautz: "Et muss iergendeppes anescht hannendru stiechen"

Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz war ee vun de Politiker, déi bei der Solidaritéitsmanifestatioun haut virun der Chamber an der éischter Rei stoungen.

"Mir hunn ee Lëtzebuerger Code du Travail an ee Lëtzebuerger Aarbechtsrecht, wou ganz kloer definéiert ass, wat een Transfert d’Entreprise ass. Dofir verstinn ech déi Diskussioun iwwerhaapt net, déi gefouert gëtt, firwat dat net einfach nom Artikel vum Code du travail d’Personal esou iwwerholl gëtt. Et muss iergendeppes anescht hannendru stiechen, wat kann ech Iech net soen."

Marc Spautzplay_arrow

Dat Wichtegst wier, datt d’Acteure sech géifen zesumme setzen, an net iwwer Saache streiden, déi ganz kloer am Code du travail stinn, huet den CSV-Fraktiounschef a fréieren LCGB-Generalsekretär Marc Spautz ënnerstrach. Am Dialog misst eng Léisung am Dossier Caritas fonnt ginn, huet hie verlaangt, sou seng Fuerderung.

Virum Riednerpult stoungen ënner anerem Deputéierter vun CSV, LSAP, déi gréng an déi Lénk.