Et hätt ee gesot kritt, datt alles géif gemaach ginn, fir déi vun der Caritas-Affär betraffe Leit a Beschäftegung ze halen, an déi nei Entitéit “Hëllef um Terrain”, kuerz HUT, wier gegrënnt ginn, sou de Smail Suljic vum Onofhängege Gewerkschaftsbond de Moie virun der Press.
"Extreem Intransparenz"
Nawell géif et just Rumeure ginn iwwer en Transfert vu Caritas-Personal an dës nei Entitéit. Wéi deen awer oflafe sollt, doriwwer wéisst een näischt, huet et beim OGBL geheescht.
Rieds wier och iwwer e méigleche Sozialplang fir d’Leit aus dem internationalen a politesche Volet. Sou datt d’Intransparenz extrem wier, wéi de Smail Suljic, zoustännegen Zentralsekretär vum Onofhängege Gewerkschaftsbond, erkläert.
“Als Personal komme mir net méi un Informatiounen. Mir kommen net méi un déi Leit, déi do am Hannergrond schaffen, déi decidéiere fir eis, wéi et weidergoe soll, an dofir musse mir eis un d’Press wenden, un d’Ëffentlechkeet, fir eis Punkte kloer ze maachen.”
Ee kriteschen Acteur wäert feelen: "Eng politesch Decisioun"
Den OGBL bedauert, datt den internationale Volet net weidergefouert an dee politeschen ofgeschaaft gëtt. Domat wäert par rapport zur Politik ee kriteschen Acteur am Soziale Secteur feelen.
"Eiser Meenung no ass dat eng politesch Decisioun, dat ass gewollt."
Fir déi fréier am internationale Volet Beschäftegt géif et wuel e Sozialplang ginn, mee och do wéisst een net méi Konkretes.
Drock fir neie Kontrakt ze ënnerschreiwen
Allgemeng géif net mam Personal geschwat ginn, dat an annerhallwer Woch awer en neie Patron soll hunn. De Moment wier et sou, dass eng 350 Leit hire Caritas-Aarbechtskontrakt opléisen an en neie mat Hëllef um Terrain ënnerschreiwe sollten.
Déi Leit kréichen Drock gemaach, fir déi nei Kontrakter sou séier wéi méiglech ze ënnerschreiwen oder awer ze goen, kritiséiert den Onofhängege Gewerkschaftsbond. Dobäi hätt een net kontrolléiere kënnen, ob deen neie Vertrag rechtens wier.
Den OGBL wëll elo agebonne ginn, betount de Smail Suljic. Soss wier ee séier op der Strooss. Et dierft net weidergemaach gi wéi virdrun, an d’Waarde vun de Leit misst en Enn hunn.