Radioen

On air

Notturno  |  Joni Mitchell - Car On A Hill

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mäerterter Hafen: Just "eng Handvoll" Salariée vu Luxport missten an de Chômage partiel

No Accident an der Schleis zu Müden

Mäerterter Hafen: Just "eng Handvoll" Salariée vu Luxport missten an de Chômage partiel

D’Situatioun um Mäerterter Hafen huet kaum een Impakt op d’Beschäftegung bei der Societéit Luxport. Et hätt ee bis elo just "eng Hand voll" vun den 310 Salariéeën an de Chômage partiel misste schécken, sou de Gilles Braquet CEO vum Mäerterter Hafen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Et géif ee kucke wéi d’Situatioun sech weider entwéckelt, et wier awer manner schlëmm wéi Ufanks erwaart, sou de Gilles Braquet. Iwwer d'Feierdeeg hate vill Clienten zou, erkläert hien. Dat hätt d'Situatioun entlaascht. Et wier och eng gutt Nouvelle, datt d'Schleis just bis den 1. Februar zou ass an datt d'Aarbechte gutt viru ginn.

Ausso vum Gilles Braquet

Lauschterenplay_arrow

Nei Diere gi viraussiichtlech Enn Januar agebaut

Dat däitscht Schëfffaartsamt WSA huet gëschter, Mëttwoch, matgedeelt, datt déi 12 Meter héich a jeeweils 40 Tonne schwéier nei stolen Diere fäerdeg wieren. Déi géife viraussiichtlech Enn Januar agebaut ginn. 

Zënter engem Mount ass kee Schëff méi am Mäerterter Hafen agelaf. Dat wéinst der defekter Schleis op der Musel an Däitschland. Den 8. Dezember war e Gidderschëff aus nach ongekläerte Grënn an d’Schleisepaart zu Müden gerannt an hat d’Schleis schwéier beschiedegt.