arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Maduro wërft den USA vir, et just op de Pëtrol ofgesinn ze hunn

Venezuela an USA

|
headphones

1 min

Maduro wërft den USA vir, et just op de Pëtrol ofgesinn ze hunn

D'Spannungen tëschent Venezuela an den USA klamme weider: De venezuelanesche President Nicolás Maduro seet, d'USA géifen eng Aggressioun géint Venezuela virbereeden an hätten et dobäi op de Pëtrol am südamerikanesche Land ofgesinn.

headphones

1 min

Donald Trump vs Nicolas Maduro  | © Radio 100,7
Donald Trump vs Nicolas Maduro (Foto: Radio 100,7)

An engem Bréif un d‘Opec - d‘Organisatioun vun de Länner, déi Pëtrol exportéieren - behaapt de Maduro, d‘USA wéilten déi grouss Pëtrolsreserven am Venezuela ënner hir Kontroll bréngen.

Den US-President Donald Trump huet confirméiert, datt hie mam Nicolás Maduro um Telefon geschwat huet.

Loftraum bleift gespaart

D‘USA hunn an de leschte Wochen hir Militärpresenz an der Karibik verstäerkt. Si hunn ënner anerem de gréisste Flugzeugträger vun der Welt dohinner geschéckt.

Den Donald Trump seet, dat wier fir de Kampf géint den Drogeschmuggel.

Den US-President hat virgëschter de Loftraum iwwer Venezuela als gespaart deklaréiert.