Véier Leit goufe bei der Attack blesséiert, dovun zwee schwéier. Eng Enquête wéinst fräiwëllegem Mordversuch wier opgemaach ginn, esou de Procureur.
De Verdächtege wier psychesch krank. Géint hie géif et een Uerder ginn, datt hie Frankräich misst verloossen. Der Police no géif den Ament näischt op eng terroristesch Pist hiweisen.