D'737-10 ass dee gréisste Modell vun der MAX-Serie a ka bis zu 213 Passagéier transportéieren. Dat sinn der bal 30 méi, wéi de gréisste Fliger, deen d‘Luxair den Ament huet.
Donieft soll d'737-10 ënnert anerem dozou bäidroen, fir d‘Emissiounen an de gesamte Kerosin-Verbrauch ze reduzéieren, heescht et weider.