arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lufthansa geréit wéinst ITA-Iwwernam ëmmer méi ënner Drock

Och Luxair klot

|
headphones

1 min

Lufthansa geréit wéinst ITA-Iwwernam ëmmer méi ënner Drock

D’Iwwernam vun der italieenescher Fluchgesellschaft ITA duerch d’Lufthansa gëtt juristesch ëmmer méi ëmstridden. No der Luxair huet elo och déi däitsch Airline Condor Klo géint d’EU-Autorisatioun agereecht.

headphones

1 min

© picture alliance / Daniel Kubirski | Daniel Kubirski
(Foto: picture alliance / Daniel Kubirski | Daniel Kubirski)

Condor mengt, d‘Oploe géifen net duergoen, fir Konkurrenzverzerrunge vun der Transaktioun auszegläichen, an huet d’EU-Geriicht opgefuerdert, d’Decisioun ze annuléieren.

D’EU-Kommissioun hat d’Iwwernam am Juli 2024 ënner bestëmmten Oploe guttgeheescht. D’Lufthansa hält zënter Januar 41 Prozent vun der ITA, géint eng Kapitalinjektioun vun 325 Milliounen Euro.

Als Ausgläich hu Lufthansa an ITA Start- a Landerechter zu Mailand a Roum missen ofginn. Dës si bei easyJet gelant, wat och Deel vun der Luxair-Klo ass.