arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kaupthing Bank Lëtzebuerg: Déi 3 Ugekloter hunn op schëlleg plaidéiert

Geldstrof vu 75.000 Euro

|
headphones

1 min

Kaupthing Bank Lëtzebuerg: Déi 3 Ugekloter hunn op schëlleg plaidéiert

Am Dossier ronderëm d‘Insolvenz vun der Kaupthing Bank Lëtzebuerg goufen déi dräi Ugekloter zu enger Geldstrof vu 75.000 Euro verurteelt. Dat mellt de Parquet mat Verweis op een Urteel vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg.

headphones

1 min

© picture alliance / Caro | Eckelt
(Foto: picture alliance / Caro | Eckelt)

D’Bezierksgeriicht Lëtzebuerg huet haut um Mëttwoch säin Urteel an der sougenannter Kaupthing-Affär gesprach. No iwwer 14 Joer Prozedur goufen dräi fréier Responsabeler vun der Kaupthing Bank Luxembourg zu jee 75.000 Euro Geldstrof verurteelt. Dat am Kader vun engem “Jugement sur accord”. 

Et kënnt deemno net zu engem Prozess. Déi dräi Responsabeler hu sech schëlleg bekannt.

Enk Zesummenaarbecht tëschent Lëtzebuerg an Island

D’Affär geet zeréck op d’Faillite vum islännesche Mammenhaus Kaupthing am Joer 2008, der deemools gréisster Bank an Island.

Der Enquête no hate Managere vun der Bank kuerz virdru Verméigen iwwer ënner anerem eng Offshore-Gesellschaft transferéiert a si haten Dokumenter gefälscht.

An dëser komplexer Affär gouf et eng enk Zesummenaarbecht tëschent de lëtzebuergeschen a islänneschen Autoritéiten.

Mat Urteel vun haut geet dës Bankenaffär vun 2008 definitiv op en Enn.