D’Europäesch Unioun huet sech engagéiert, der Ukrain déi nächst zwee Joer finanziell ze hëllefen. Dem Internationale Währungsfonds no brauch d’Land ronn 165 Milliarden Euro.
D’EU diskutéiert zanter Méint driwwer, wou d’Suen, déi der Ukrain solle geléint ginn, hierkomme sollen.
Um EU-Sommet steet dee Sujet am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen ënnert de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner.
Eng Optioun ass et, der Ukrain d’Sue vum russesche Staat, déi zanter dem Krich an der Ukrain an der EU op Äis geluecht goufen, zur Verfügung ze stellen.
D’Belsch huet Garantië vun deenen aneren EU-Länner gefrot, fir de Fall datt d’Sue missten zeréckbezuelt ginn. Dee gréissten Deel vun den agefruerene russesche Staats-Sue leie bei der belscher Firma Euroclear.
Luc Frieden: D’Belsch soll net isoléiert ginn
Lëtzebuerg an Holland si prett, déi Garantien ze ginn, sou d’Annonce vum Premier Luc Frieden kuerz virun der Reunioun zu Bréissel. Dat hätte béid Länner gëschter, Mëttwoch, op enger Benelux-Sitzung der Belsch matgedeelt.
“Mir sinn d'Accord déi Garantien ze ginn. Dat muss natierlech och duerch d'Parlamenter goen. Dat ass net eng einfach Saach. A mir kënnen dat jo net eleng maachen.”
Et wier nach net gewosst, wat déi aner Länner wëlles hunn, sou och nach de Premier.
Fir déi Decisioun, déi russesch Staats-Suen ze deblockéieren, gëtt an der EU keng Unanimitéit gebraucht. D’Belsch kéint also iwwerstëmmt ginn. Wat mécht Lëtzebuerg dann?
“Mir stellen eis déi Fro net, datt d'Belscht isoléiert gëtt. Ech hu mat enger Rei Kolleege geschwat, déi dat keng gutt Iddi géife fannen. Duerfir soll eise Wee elo sinn ze kucken, déi belsch Bedenken ze beäntwerten.”
Gläichbehandlung vun den EU-Länner mat russeschen Avoiren
Lëtzebuerg géing allerdéngs drop bestoen, datt all d’Länner, an deene russesch Avoiren agefruer sinn, d’nämmlecht behandelt ginn.
An der EU sinn 210 Milliarden Euro aus russeschem Staats-Verméige blockéiert, 185 Milliarde leie bei “Euroclear” an der Belsch.
"Et sinn och zéngdausend Euro zu Lëtzebuerg. Elo kënnt Dir soen, dat ass ganz wéineg, mee fir d'Russen ass et och eng Fro, wéi behandele mer déi Suen a wéi eng Attacke kënnen op déi Länner kommen, déi sech hei an deem Deal beweegen."
D’Fro wéi ee mat deene Sue soll ëmgoen, géing “enorm vill juristesch Froen opwerfen”, sou nach de Premier. “Virun allem wat geschitt, wa Russland eng Revanche hëlt, d’Belsch usicht, vläicht och aner Länner usicht, Attacken op aner Länner mécht”.
Dofir géing eng gemeinsam Léisung gebraucht, “fir datt net ee Land kann eng Zilscheif ginn, vun de Russen”.
Lëtzebuerg weider fir déi zweet Optioun
Lëtzebuerg ass weiderhi fir déi zweet Optioun, déi um Dësch läit, déi awer eng Partie Länner kritesch gesinn: Den EU-Budget als Garantie huelen, fir Suen ze léinen an der Ukrain ze ginn. Hei missten awer alleguerten déi 27 EU-Länner zoustëmmen.
Ungarn huet annoncéiert ze blockéieren. De Premier Viktor Orban huet virum EU-Sommet zu Bréissel keen Zweiwel dru gelooss, dat hie bei där Positioun bleift.
Et wier gewosst, datt Ungarn, an och Länner ewéi d’Slowakei oder d’Tschechesch Republik “éischter op der Säit vu Russland stinn, ewéi de Rescht vun der EU”, sou de Luc Frieden. Lëtzebuerg awer stéing op der Säit vun der Ukrain. “Mir wëllen eng Léisung fannen, déi der Ukrain an Europa hëlleft”, sou nach de Premier