Ee Freideg hat den OGBL zu Diddenuewen hiren 10. Salon des frontaliers organiséiert. Un där Informatiounsveranstaltung hunn och Vertrieder:inne vun der Chambre des salariés, der ADEM, der Mobbing ASBL, dem Héichschoulministère an der Zukunftskeess deelgeholl. Déi meeschte Froe vun de Leit hunn d’Pensiounen, de Reklassement, de Chômage, d’Besteierung betraff. Ee grousse Sujet war och de Verkéier.
Wéinst der Verkéierssituatioun gëtt et ëmmer méi schwiereg op Lëtzebuerg schaffen ze kommen. Dat ass eng grouss Suerg vun de Frontalieren aus der Regioun ëm Diddenuewen. Besonnesch zënter datt et ee Chantier op der franséischer Autobunn gëtt, erzielt d’Sarah Boumedine, vum OGBL.
"Et il manque un moyen de transport qui faciliterait déjà l'acheminement des travailleurs frontaliers extérieurs pour venir au Luxembourg et d'avoir désengorgé un peu plus surtout les routes, les villes qui sont devenues infernales."
Op Lëtzebuerg schaffe komme lount sech net méi
Fir verschidde Persounen ass et virdeelhaft nees a Frankräich no engem Job ze sichen an net méi a Richtung Lëtzebuerg ze fueren. Dat ass de Fall fir de Fils vun engem Mann, wéi hien erzielt. Säi Fils hätt sechs Joer zu Lëtzebuerg geschafft a krut elo zu Metz een Job.
Fir de Papp stellt sech elo d‘Fro fir no 35 Joer Karriär zu Lëtzebuerg esou séier wéi méiglech pensionéiert ze ginn. Haaptgrond ass eeben och de Stau. Dee géif fir vill Stress suergen an dat wier net gutt fir seng Gesondheet.
Deen Här huet eng grouss Partie vu senger Karriär zu Lëtzebuerg cotiséiert, anerer awer net. A wann een zu Lëtzebuerg no 40 Joer Cotisatioun oder mat Komplementarperiode wéi Studie ka viru 65 Joer an d’Pensioun goen, esou ass et awer fir anerer schwiereg. Dat well si fir déi Perioden, wou si an hirem Land geschafft hunn, eréischt méi spéit an d‘Pensioun kënne goen.
Pensiounen am Heemechtsland gi méi spéit ausbezuelt
Problematesch wier, datt zu Lëtzebuerg den Aarbechtskontrakt automatesch mat 65 opgeléist gëtt, déi däitsch Pensioun kritt de Salarié awer eréischt mat 67 ausbezuelt, erkläert dem Dylan Theis vun der Salariatskammer, deen zu Diddenuewen d‘Leit beroden huet:
"Da steet ee vun haut op muer ouni Aarbecht do a kritt just seng lëtzebuergesch Pensioun, déi dann ënner Ëmstänn, well hie just e klengen Deel vu senger Karriär zu Lëtzebuerg gemaach huet, geréng ass."
Den Dylan Theis recommandéiert och de Leit mat gemëschte Karriären am Viraus schonn all d‘Certificaten unzefroen. Och déi vun de Studien. D’Pensiounskeess brauch nämlech dacks méi Zäit fir den Dossier ze komplettéieren.
Dat gëllt iwwregens och fir jiddwereen, dee vum steierlechen Avantage wëllt profitéieren, deen et vum nächste Joer u gëtt, wann ee weider schaffe geet trotz dem Fait, datt ee kéint an d’Pensioun goen. Et ass nämlech d’CNAP, déi een Zertifikat ausstellt fir d’Steierverwaltung.
Duebelbesteierung ee weidere Problem
Ee Problem besteet dann nach a punkto Duebelbesteierung. Frankräich berechent nämlech de gesamte Steiertaux fir gemëschte Revenuen an zitt vum Lëtzebuerger Revenu just d’Cotisatiounen of, erkläert de Christian Simon-Lacroix vum OGBL.
"Il doit déclarer son revenu luxembourgeois en enlevant uniquement la sécurité sociale. Donc déjà il y a une augmentation du revenu étranger déclaré. La France fait une totalisation de ses revenus. Elle calcule un impôt théorique français sur l'ensemble du revenu."
Deemno bezilt de Frontalier méi Steieren duerch een Taux, dee mechanesch eropgesat gëtt.
A Frankräich gouf et dann dëst Joer eng Reform vum Chômage, duerch déi d’Frontaliere kënne schlecht ewechkommen. Si kréien de Chômage a Frankräich ausbezuelt. Refuséiere si zwou Aarbechtsplazen, och wann de Salaire wäit ënner deem läit, dee si zu Lëtzebuerg kruten, da kënne si de Chômage ganz verléieren.
Reclassement externe: ADEM bezilt keng Compensatioune baussent Lëtzebuerg
Weider Differenze ginn et och a punkto Reclassement externe - also wann ee wéinst physesche Problemer net méi fir ee Poste gëeegent ass a baussent der Entreprise soll placéiert ginn, betount d’Nathalie Mosccheti vun der CSL:
"La seule discrimination qu'on peut voir, c'est que si jamais il retrouve un emploi, le résident, il va avoir droit à l'indemnité compensatoire, c'est-à-dire que l'ADEM va compenser si son salaire est inférieur par rapport à celui qu'il gagnait avant."
Wann eng Persoun awer an hirem Heemechtsland esou eng Plaz fënnt, kompenséiert d‘ADEM net den Ënnerscheed vum Gehalt.
Wéi soll et virugoen?
Weider Froen, déi um Salon des Frontaliers gestallt goufen, hunn d’Studiebäihëllefe betraff, d’Familljenzoulagen, grad wéi déi sozial Leeschtunge wéi d’Chèque-servicen, der Assurance dépendance, déi jee no Fall vum Residenzland ofhänken.
Wéi sech d’Zuel vun de Frontaliere wäert entwéckelen ass fir den Ament net gewosst. Entweder muss den ëffentlechen Transport verbessert oder den Teletravail an d’Luucht gesat ginn, soss verbréngen déi iwwer 120.000 Frontalieren hir Fräizäit op der Strooss, Salaire hin oder hier.