arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iresch Schrëftstellerin Edna O'Brien ass dout

Am Alter vun 93 Joer gestuerwen

|
headphones

1 min

Iresch Schrëftstellerin Edna O'Brien ass dout

Déi iresch Schrëftstellerin Edna O'Brien ass virgëschter am Alter vun 93 Joer gestuerwen. Dat huet hir Agentin gëschter Owend op X matgedeelt. D'Edna O'Brien ass bekannt fir hiert rebellescht, feministescht literarescht Wierk a gëllt als eng vun de gréisste Schrëftstellerinne vun hirer Zäit.

headphones

1 min

Hir ronn 20 Romaner behandelen dacks d'Gefiller vu Fraen an hir Problemer an hire Relatioune mat Männer. Hiren éischte Roman "The Country Girls", aus dem Joer 1960, hat e Skandal an dem konservativ kathouleschen Irland verursaacht a war verbueden an esou guer verbrannt ginn. Dat selwecht ass no der Publikatioun vun hire sechs nächste Romaner geschitt.