Radioen

On air

Notturno  |  Ayizan - Deblozay

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Liichten Optimismus no 3 Deeg am Noen Osten

Enn vun der Aarbechtsvisitt

Liichten Optimismus no 3 Deeg am Noen Osten

Mat enger virsiichteg positiver Nott kënnt haut um Donneschdeg déi 3. Rees fir dëst Joer vum Xavier Bettel an den Noen Osten op en Enn. Um Programm stoungen Entrevuë mat Vertrieder vu béide Säiten, an awer och mat Familljemembere vu Geiselen.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© MAE play_arrow
De Xavier Bettel am Westjordanland. (Foto: MAE)

No enger Entrevue gëschter um Mëttwochmëtteg mam palästinensesche Premier an Ausseminister zu Ramallah am Westjordanland, huet de Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie nämlech méi optimistesch geklongen, wéi nach Stonne virdrun. No Gespréicher mam israeeleschen Ausseminister a mam israeelesche Parlamentspresident war nämlech definitiv manner Optimismus beim Xavier Bettel ze spieren.

De palästinensesche Premier an Ausseminister Mohamed Mustafa mam Xavier Bettel zu Ramallah am Westjordanland. | © MAE
De palästinensesche Premier an Ausseminister Mohamed Mustafa mam Xavier Bettel zu Ramallah am Westjordanland. (Foto: MAE)

Hamas an Hisbollah: "Et sinn Drecksäck"

Kuerz no der Renconter mam Premier an Ausseminister Mohamed Mustafa huet de Lëtzebuerger Ausseminister zu Ramallah erkläert, hien hätt d'Gefill, datt e Waffestëllstand méiglech wier.

"Net haut, net muer, mee awer an noer Zukunft. An och eng Fräiloossung vun de Geiselen ass méiglech. Diskussioune lafen am Moment. Et ginn Negociateuren, et gi Mediatiounen, déi am Moment stattfannen."

Et wier net de Moment, fir Ueleg op d'Feier ze geheien, esou de Xavier Bettel, dee wuel Aussoen a Richtung Waffestëllstand vu palästinensescher Säit krut. Stonne virdrun, zu Jerusalem, war den Toun nach en aneren.

De Xavier Bettel mam israeelesche Parlamentspresident Amir Ohana. | © Eric Ewald
De Xavier Bettel mam israeelesche Parlamentspresident Amir Ohana. (Foto: Eric Ewald)

Vun israeelescher Säit hätt hien éischter Unzeeche fir e Waffestëllstand am Libanon kritt.

"Mee de Problem, dee mir hunn, ass, datt mir gesinn, datt am Fong den Hamas an Hisbollah - also pardon, wann ech et op Lëtzebuerg soen, mee et sinn Drecksäck. Et sinn terroristesch Organisatiounen, an déi hunn all hir Strukturen ënner Schoulen, ënner Refugiészentere gemaach, fir datt eeben allkéiers och vill Leit mat stierwen."

De Xavier Bettel hätt den Israeelie kloer gesot, datt e Waffestëllstand an der Gazasträif an hirem Intressi wier.

UNRWA steet ënner Schock

Zu Ramallah huet den Ausseminister och eng Schoul vun der UNRWA, dem UNO-Hëllefswierk fir palästinensesch Flüchtlingen am Noen Osten, besicht. Där hiren Chief of staff Ben Majekodunmi huet dobäi betount, datt d’Decisioun vum israeelesche Parlament fir d’Aarbecht vun der UNRWA vum neie Joer un an Israel ze verbidden, e Schock gewiescht wier.

"Parce qu'on attendait toujours qu'une vue, une perspective plus multilaterale, plus proche des droits de l'homme, puisse changer la donne. "

D’Entscheedung vun der Knesset wier eng Attack op d’Stabilitéit am Westjordanland, huet den Chief of staff vum UNO-Hëllefswierk gemengt.

Fridde mat de Palästinenser, mee net mat der Hamas

Déi aner Siicht op den No-Ost-Konflikt krut de Xavier Bettel um Mëttwochmoie presentéiert, mam Temoignage vun engem Familljemember vun enger israeelescher Geisel vum 7. Oktober zejoert. D’Rita Lifschitz ass d’Schnauer vum 84 Joer alen Oded Lifschitz, dee wuel nach an der Gazasträif ass, lieweg oder dout.

Déi schweedesch-israeelesch Fra huet am Kibbuz Nir Oz, am Süde vun Israel, gelieft. Dee wier e Paradäis gewiescht, bis de Moie vum 7. Oktober, deem vun der Hamas-Attack op Israel, wéi en a just e puer Stonnen zur Hell gi wier. Ronn 80 Leit aus dem Kibbuz wiere gekidnappt an eng 30 ëmbruecht ginn. D’Fra wëllt zwar Fridde mat de Palästinenser, mee net mat der Hamas.

Iwwerall uechtert Israel hänke Flyeren mat de Fotoe vun de Geiselen. | © Eric Ewald
Iwwerall uechtert Israel hänke Flyeren mat de Fotoe vun de Geiselen. (Foto: Eric Ewald)

D’Palästinenser misste vun der Hamas befreit ginn, an d’Palästinensergebidder vun Israel an d’Geisele fräikommen. Datt et souvill Doudeger an der Gazasträif gouf a gëtt, wier d’Responsabilitéit vun der Hamas. D’Rita Lifschitz fillt sech awer responsabel fir e Fridden, och wann d’Leit am Kibbuz alles futti gemaach kruten. Am Kibbuz géif et keen Haass ginn, och wann d’Palästinenser komm wieren, fir hiert Haus ze zerstéieren.

An obwuel de rezenten Doud vun Hamas-Chef Yahia Sinwar wuel och den Doud vun de Geiselen an domat och dee vun hirem Schwéierpapp bedeite géif, bräicht een Hoffnung.

Lauschterenplay_arrow