arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liichtathletik-WM: Net manner wéi eng Medail ass fir d'Patrizia van der Weken d'Zil

Sport

|
reading time

1 min

Liichtathletik-WM: Net manner wéi eng Medail ass fir d'Patrizia van der Weken d'Zil

D’Leeferin Patrizia van der Weken hofft bei der Liichtathletik Hale-WM a Polen iwwer d’60 Meter Sprintdistanz eng Medail mat Heem ze huelen. Am Virfeld vun der Kompetitioun, dëse Weekend huet d’Lëtzebuerger Liichtathletin gesot, si hätt eng gutt Virbereedung gehat.

reading time

1 min

© picture alliance / Chai von der Laage | Gladys Chai von der Laage
(Foto: picture alliance / Chai von der Laage | Gladys Chai von der Laage)

Och d’Trainingen an de leschten Deeg géife si optimistesch stëmmen, datt si de Weekend op d'mannst d’Finall kéint erreechen. Am beschte Fall wéilt si, wéi virun engem Joer, um Podium stoen. Deemools war d’Patrizia van der Weken déi Drëtt ginn.

Den Drock ass do

Op der Videokonferenz vun der Liichtathletik-Federatioun sot si awer och, datt si sech bewosst wier, datt e gewëssen Drock op hir géif laaschten. Gläichzäiteg huet d’Liichtathletin drop higewisen, datt d’Konkurrenz och immens staark wier.

"Meng gréisste Konkurrentinnen: Jo, bon ech mengen déi zwee Meedercher, déi viru mir op der Lëscht sti si warscheinlech déi gréissten. Woubäi halt och hannendrun ass et immens enk beieneen. Ech weess net genau wéi vill Zäiten ënner 7”10  well 7”10 ass eng zolidd Zäit. Also et ass wierklech, wann een ufänkt ënner 7"15 ze lafen, da gëtt et wierklech richteg séier. Dowéinst si vill Meedercher beieneen déi een eeben halt absolut net ënnerschätzen däerf."

Der Patrizia van der Weken hiren éischte Laf ass dann e Samschdeg am Laf vum Moien.

Déi éischt Lëtzebuerger Athleetin trëtt awer schonn den de Freidegowend un. Am Virlaf iwwer 1500 Meter, wëll d’Vera Bertemes-Hoffmann sech do beweisen.