arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Liicht Hausse vum Inflatiounstaux: Crèchen a Vakanzen am Dezember méi deier

Wirtschaft

|
headphones

1 min

Liicht Hausse vum Inflatiounstaux: Crèchen a Vakanzen am Dezember méi deier

De Jores-Inflatiounstaux ass am Dezember liicht geklommen, op 3,1 Prozent. Wéi de Statec matdeelt, sinn d'Pauschal-Vakanzen, Fluchbilljeeën a Crèchë méi deier ginn.  

headphones

1 min

© pressefoto_korb | Micha Korb
(Foto: pressefoto_korb | Micha Korb)

Am Verglach mat virun engem Joer sinn d'Crèche souguer ëm 9,5 Prozent méi deier ginn.

Präis-Hausse bei Fligerticketen 

De gréissten Impakt op d'Hausse vum Inflatiounstaux hat d'Hausse vun de Fligerticketen (+21,6 Prozent bannent engem Mount) an de Pauschal-Vakanzen (+6 Prozent). De Statec schreift vun engem saisonalen Effekt wéinst der grousser Demande am Dezember. 

Och d‘Liewensmëttelpräisser sinn am Dezember geklomm, Rëndfleesch ass 14 Prozent méi deier ginn, de Kaffi ëm 15 Prozent. D‘Pëtrolspräisser par contre, sinn an engem Mount ëm bal 5 Prozent gefall, déi gréisste Baisse gouf et beim Heizungsmasutt, mat iwwer 8 Prozent.

Baisse am Januar virausgesot 

Wéi de Statec schreift wäert den Inflatiounstaux am Januar wéinst der staatlecher Hëllef bei de Stroumpräisser ongeféier ëm d‘Hallschent zréckgoen. De Stroum soll doduerch ongeféier 10 Prozent méi bëlleg ginn. 

DAX op neiem Héich

Trotz der weltwäiter Krisesituatioun huet déi däitsch Bourse e weider Sprong no uewe gemaach. Fir d‘éischte Kéier an der Geschicht huet den DAX méi wéi 25.000 Punkten areecht.

D'Ursaach sinn d‘Ukënnegunge vu Milliardeninvestissementer an d‘Infrastruktur an an d‘Rüstung. Parallel hëllefen déi niddreg Pëtrolspräisser wéinst der Entwécklung am Venezuela de Cours no uewen ze dreiwen.