arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Vëlosfederatioun: Cyclocross-WM mat spektakulärem Parcours

Sport

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Lëtzebuerger Vëlosfederatioun: Cyclocross-WM mat spektakulärem Parcours

D’Federation du Sport Cycliste Luxembourgeois huet hire Kader fir d’Weltmeeschterschaft am Cyclocross dëse Weekend zu Hulst an Holland virgestallt. An der Elite fueren de Loïc Bettendorf an d’Marie Schreiber mat.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
D'Marie Schreiber. | © picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS/Hilger
D'Marie Schreiber. (Foto: picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS/Hilger)

An der Kategorie U23 fueren de Lennox Papi, d'Liv Wenzel an d’Layla Barthels. An der Kategorie U19 fueren de Ben Fleming, Ben Koenig an d’June Nothum.

De Parcours huet 3.240 Meter a 40 Héichtemeter. Spektakulär wier d’Waasser ronderëm de Parcours, esou den Nationaltrainer Jempy Drucker. Dat dierfte flott Biller fir d‘Zuschauer:innen a Fotografe ginn. Eng vun de Brécke wier och 120 Meter laang.

"Eng Bréck vun 120 Meter hu mir net esou oft am Cyclocross. Dat wäert sécherlech och eppes ganz Spezielles sinn."

Hulst wier och bekannt fir seng steil Montéeën an Descenten, esou nach de Jempy Drucker.

play_arrow Lauschteren