arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Rugby-Nationalspiller an Italie festgeholl: Virworf vun Doutschlag

Justiz

|
reading time

1 min

Lëtzebuerger Rugby-Nationalspiller an Italie festgeholl: Virworf vun Doutschlag

An Italie wieren zwee Lëtzebuerger festgeholl gi wéinst dem Virworf vun Doutschlag vun engem Mann. Dat huet déi bekannten italieenesch Sportszeitung La Gazetta dello Sport gëschter gemellt. Et géif sech ëm een 22 Joer ale Rugby-Nationalspiller a säi 24 Joer ale Brudder handelen.

reading time

1 min

Symbolfoto | © Adobe Stock
Symbolfoto (Foto: Adobe Stock)

Wéi et an der italieenescher Zeitung heescht wieren déi zwee Bridder an der Nuecht op leschte Sonndeg an e Sträit verwéckelt gewiescht. Dat um Parking virun enger Disco bei Cosenza an der süditalieenescher Regioun Kalabrien. Dobäi wier ee 34 Joer ale Papp vu véier Kanner schwéier blesséiert ginn a spéider am Spidol gestuerwen.

Déi zwee Lëtzebuerger Bridder hätten Italien a Richtung Lëtzebuerg wëlle verloosse wéi si festgeholl goufen, esou nach d‘Gazetta dello Sport.