arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Regierung weist sech besuergt iwwer ugekënnegt belsch Automobilsvignette

Belsch

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lëtzebuerger Regierung weist sech besuergt iwwer ugekënnegt belsch Automobilsvignette

Déi rezent Ukënnegung vun der Belsch, eng Automobilsvignette fir dat ganzt Land anzeféieren, huet fir vill kritesch Stëmme gesuergt. Déi lëtzebuerger Regierung weist sech besuergt, speziell wat den Impakt op direkt betraffe Grenzregiounen ugeet.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / CHROMORANGE | Berit Kessler
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Berit Kessler)

Gëschter hate sech dowéinst och véier Deputéiert vun der DP an engem oppene Bréif un de belsche Premier Bart de Wever geriicht.

An an der Grenzregioun fäert ee virun allem zwou Saachen: Eemol en ekonomeschen Impakt fir de klenge Grenzverkéier, dee sech op déi lokal Commercë kéint néierschloen. A virun allem och de Verkéier, dee riskéiert, sech nom Aféiere vun esou enger Maut ze verlageren, ewech vun der Autobunn hin op déi méi kleng Stroossen.

Attraktivitéitszonen op belscher Säit zéie vill Leit iwwer d'Grenz

Direkt betraff wier zum Beispill d’Gemeng Stengefort. Den LSAP- Buergermeeschter Sammy Wagner gesäit dobäi esouwuel Problemer bei de belsche Frontalieren, wéi och bei de Lëtzebuerger Clienten an der Belsch. 

"Wat mir awer méi Suerge mécht ass awer fir d'Gemeng, virun allem wann ech kucke wéi vill Trafick mir jo awer och hunn, Richtung déi ganz Attraktivitéitszonen, déi op der belscher Säit sinn."

Och a Richtung Messancy géifen deelweis déi Autobunne genotzt ginn. 

"Wou dann Automobiliste vun der Lëtzebuerger Säit aus wäerte riskéieren, duerch Stengefort eeben ze fueren."

Eleng dat grousst Miwwelgeschäft op der belscher Säit géif eegenen Aussoen no ronn eng Millioun Visiteuren d’Joer zielen. 55 Prozent dovun aus Lëtzebuerg.

Speziell Korridoren an Amenagementer kéinten hëllefen

Et wier ze fäerten, datt dee Verkéier zum groussen Deel duerch d’Gemeng Stengefort géif ëmgeleet ginn, esou nach de Sammy Wagner. D’Initiativ vun der Lëtzebuerger Regierung, fir hei Ausnamen ze fuerderen, géif hien dofir och komplett ënnerstëtzen.

"Do brauchen et ganz kloer Reegelen. An dofir sinn ech och ganz frou, datt och déi Lëtzebuerger Regierung do intervenéiert ass bei hire belsche Kolleegen, fir do Drock ze maachen."

D’Regierung misst dës Ausnamen iwwer Korridoren oder speziell Amenagementer onbedéngt duerchgesat kréie fir ze verhënneren, datt d’Grenzgemengen dee Moment am Verkéier erstécken, esou nach de Sammy Wagner.

play_arrow Lauschteren