arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Paralympics-President: Dobäi sinn ass net alles

Sport

|
headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow

Lëtzebuerger Paralympics-President: Dobäi sinn ass net alles

No 36 Joer un der Spëtzt vum Paralympesche Comité gëtt de Marc Schreiner d'Presidence elo of. Am 100,7-Interview kuckt hien zeréck op eng laang Karriär a verréit, firwat hien een ontypesche Verbandspresident war.

headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow
© Luxembourg Paralympic Committee / Maurice Molitor
(Foto: Luxembourg Paralympic Committee / Maurice Molitor)

An engem Interview mat de Kolleege vum Lëtzebuerger Wort ass dem Marc Schreiner säi Bilan no 36 Joer Presidence vum Paralympesche Comité gemëscht ausgefall. Déi fréiere Sportler huet souguer liicht verbattert geklongen.

Ëmmer méi Tâchen als President

Dat ze soe wier vläicht "iwwerdriwwen", mee desillusionéiert wier hien awer gewiescht, esou de Marc Schreiner am 100,7-Interview. Dat, well hien no 36 Joer gemierkt hätt, datt et ëmmer nach Saache ginn, déi net esou lafen, wéi se sollen. 

Doriwwer eraus wier d’Tâche vum President ëmmer méi grouss ginn. 

“Woubäi do och de Pappa Staat een Deel dozou bäidréit mat gesetzleche Virschrëften, déi ëmmer méi verlaangen, wat dann ab engem gewëssene Punkt mam Benevolat net méi ze vereinbaren ass.”

Keen Teamplayer

Déi lescht Vakanz hätt hien 2020 gehat, seet de Marc Schreiner. Hie gëtt awer och zou, datt hien een ontypesche Verbandspresident war. 

"Well ech Chargë maachen, déi anerer net maachen."

Hie wier awer och net de gedëllegste Mënsch, seet de Marc Schreiner, dee sech selwer net als Teamplayer bezeechne géif. Delegéiere wier net Senges. "Dat ass natierlech net ideal."

Et géing awer nach u villem feelen am paralympesche Sport. Virun allem paralympesch Sportler, déi sech selwer am Sport engagéieren, seet de Marc Schreiner. Dobäi komme Personal a Suen. "Et feelt ëmmer u Suen."

Terminologie fir de Marc Schreiner "keen Theema"

Am Laf vu senger Karriär als Verbandspresident huet de paralympesche Sport ëmmer méi u Visibilitéit gewonnen. Dat géing een ënner anerem dru mierken, datt méi Ufroe vun de Medie kommen, an och Social Media eng ëmmer méi grouss Roll géif spillen.

A propos Changement: D’Terminologie vum paralympesche Sport hätt scho "4 bis 5 Mol geännert", seet de Marc Schreiner. Dofir wier dat fir hie guer keen Theema.

“Déi lescht Zäit ass d’Terminologie anscheinend ‘Leit mat spezielle Bedürfnisser’, wat ech ... naja ... an zwee, dräi Joer kënnt Dir sécher sinn, ass dat och erëm iwwerholl.” 

"Wien, wann net den Tom Habscheid"

D’Wäertschätzung vum paralympesche Sport zu Lëtzebuerg hat 2024 säi virleefege Peak erreecht, wéi den Tom Habscheid als Sportler vum Joer ausgezeechent ginn ass. Bei de Paralympesche Spiller zu Paräis gouf hien am Kugelstoussen den Drëtten.

Et war een Owend mat gemëschte Gefiller, seet awer de Marc Scheiner. Et kéint een nämlech soen, datt sech och soss keen aneren imposéiert hätt dat Joer.

Aktiv Karriär: Positiv iwwerrascht zu Barcelona

An awer: Wann hie kuckt, wéi d'Paralympesch Spiller evoluéiert hunn, schwätzt de Marc Schreiner vun enger formidabeler Entwécklung. Et bräicht ee just eng 15 Joer zeréckzegoen an d’Stadie wiere quasi eidel gewiescht. Zu Paräis hu 60.000 Leit dem Tom Habscheid nogekuckt.

Esou eppes huet de Marc Schreiner als aktive Spiller net erlieft.

“An den 1980 Joer waren d’Paralympesch Spiller zu New York, amplaz zu Los Angeles. Do hat een den Androck, et wier ‘unter Ausschluss der Öffentlichkeit’. Zu Barcelona war ech du positiv iwwerrascht.”

Dat olympescht Motto "Dobäi sinn ass alles" huet fir de Marc Schreiner net gezielt. Als Sportler war hien dacks net zefridde mat senge Resultater. Esou och zu Barcelona, wou hien de 5. ginn ass am Bouschéissen, obwuel hien e Podium viséiert huet.

play_arrow Lauschteren