Den Edvin Muratovic hat an de leschte Méint bei sengem Veräin a Polen net vill ze spille kritt. Am Januar war säi Kontrakt doropshin och opgeléist ginn. Säi neie Veräi war 2023 Champion a Litaue ginn. Den Ament stinn si awer just op der 6. Plaz am Championnat.
Fir d'Rout Léiwen huet den 28-Joer ale Stiermer bis ewell 21 Mätcher absolvéiert an ee Gol geschoss.