arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Nationalspiller Aiman Dardari steet viru Wiessel bei Greuter Fürth

Fussball

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger Nationalspiller Aiman Dardari steet viru Wiessel bei Greuter Fürth

Datt den Aiman Dardari wiesselt, mellen däitsch Medien, ënner anerem de kicker. Greuter Fürth steet an der zweeter Bundesliga.

headphones

1 min

© picture alliance / Fußball-News Saarland | Sebastian Bach
(Foto: picture alliance / Fußball-News Saarland | Sebastian Bach)

Den Offensivspiller soll vu sengem aktuelle Club FC Augsburg ausgeléint ginn a géif beim 17. aus der zweeter däitscher Liga op säi Coequipier aus der Nationalekipp Mathias Olesen treffen.

Fir den FC Augsburg kënnt de Lëtzebuerger Nationalspiller dës Saison op dräi kuerz Asäz an der éischter däitscher  Bundesliga.