Am Guide sinn 13 Etappe festgehalen, déi de Gemenge sollen hëllefen fir e lokale Resilienzplang ze entwéckelen.
Déi Etappe kann een a véier Bléck opdeelen. Als éischt emol misst eng Gemeng en État des lieux maachen, erkläert d’Christine Bastian vun der Direction générale de la sécurité civile.
Konkreet Zenarie preparéieren
Dozou géif gehéieren, datt d’Gemeng sech méigleche Risike bewosst gëtt an iwwerleet, wéi eng Moyenen et scho gi fir deene Risiken entgéint ze wierken.
Am zweete Block geet et dorëms sech op konkreet Zenario ze preparéieren.
“Dat heescht, wéi genee leeft dat of, wann et elo vill reent a menger Gemeng? Wéi eng Strooss ass déi éischt, déi impaktéiert ass? Wéi eng Strooss muss also als éischt zougemaach ginn? Wat kënnt als nächst? Muss ech vläicht en Altersheem evakuéiere goen?”
Den nächste Schratt ass d’Reaktioun. D’Gemenge misste sech fir de Krisefall richteg opzestellen a konkreet Rolle verdeelen, fir am Eeschtfall ze reagéieren. D’Ofleef misste kloer sinn, fir esou eng Situatioun gutt ze meeschteren, esou d’Christine Bastian.
Séier informéieren - d'Leit rassuréieren
Et wier awer och wichteg, d’Awunner:inne vun der Gemeng iwwer de Resilienzplang vun der Gemeng ze informéieren.
“D'Informatiounen zirkuléiere ganz schnell. A schnell ass aus enger Méck en Elefant ginn. An et muss een iergendwéi Meeschter bleiwe vun der Informatioun. Do geet et dorëms och relativ schnell ze informéieren. Da sinn d'Leit rassuréiert. Et muss een net selwer onbedéngt neie Contenu kreéieren. Mee wann ee schonn d'Informatioune vum Staat multiplizéiert, also verdeelt, dann huet ee scho vill geschafft.”
De leschte Block ass dann de Retour zur Normalitéit. D’Christine Bastian huet preziséiert, datt d’Gemengen net dozou verflicht wieren dëse Guide an e konkreete Plang ëmzesetzen, mee et géif een et awer staark recommandéieren.
Virun engem Mount hat de Premierminister Luc Frieden déi national Resilienzstrategie an der Chamberkomissioun virgestallt. Déi soll elo duerch lokal Resilienzpläng an de Gemenge konkretiséiert ginn.