Servicer, déi d‘Caritas fir de Staat leescht - wéi den Accueil an d‘Integratioun vu Flüchtlingen – dierften net drënner leiden, datt d‘Caritas fir den Ament keng Sue méi vum Staat kritt.
Eng Defaillance vun der Caritas géif riskéieren, d‘Situatioun fir déi Betraffen ze verschlëmmeren, esou nach de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. An dat trotz dem Versprieche vun der ONG, fir d‘Flüchtlingen net falen ze loossen.