arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Cyclistin Nina Berton: "Den Niveau vum Tour de France geet an d'Luucht"

Sport

|
reading time

1 min

headphones

8 min

play_arrow

Lëtzebuerger Cyclistin Nina Berton: "Den Niveau vum Tour de France geet an d'Luucht"

Den Niveau vum Cyclissem bei den Damme géif all Joer weider an d’Luucht goen. Dofir wier den Tour de France dëst Joer nach e Stéck méi schwéier gewiescht wéi déi Joren virdrun. Dat sot d’Lëtzebuerger Cyclistin Nina Berton no hirer Participatioun um Tour de France.

reading time

1 min

headphones

8 min

play_arrow
D'Nina Berton am Lëtzebuerger Zäitfuer-Champions-Trikot  | © Anouk Flesch
D'Nina Berton am Lëtzebuerger Zäitfuer-Champions-Trikot (Foto: Anouk Flesch)

D'Lëtzebuerger Cyclistin Nina Berton kënnt an dësem Tour de France op déi 68. Plaz am General.

De Public als groussen Highlight

Si hätt gemierkt, datt den Interessi un der Course méi grouss war. Et wieren däitlech méi Medie sur place gewiescht an och méi Public um Bord vun de Stroossen, esou déi Lëtzebuerger Cyclistin:

"De Publikum war schonn einfach de groussen Highlight, well et einfach esou vill Leit iwwerall op de Strecke waren, virun allem um Mont Ventoux an och op der leschter Etapp zu Nice."

Och déi vill Lëtzebuerger, déi wärend dem Tour de France an de Stroosse stoungen, hätten dem Nina Berton e gutt Gefill ginn. Si wier dankbar fir dëse Support. 

"Iwwerall, all Dag hunn ech wierklech vill Lëtzebuerger op der Streck gesinn, déi mech ugefeiert hunn an, jo, natierlech ass dat ganz speziell an dofir sinn ech richteg dankbar."

De Kontrakt mat hirer Ekipp EF-Education-Oatly leeft um Enn vun der Saison aus. Ob Si och d’nächst Joer fir déi selwecht Ekipp un den Depart geet, wollt d’Nina Berton de Moien nach net soen. 

play_arrow Lauschteren