Den Donald Trump an den Gianni Infantino si gutt Kollegen. Den Infantino steet den Ament massiv an der Kritik wéinst engem gescheiterte Plang, Deeler vun der Fussball-Weltmeeschterschaft u privat Investisseuren ze verkafen.
Fuerderungen no engem Récktrëtt ginn ëmmer méi haart
Den europäesch Fussballverband UEFA, mee och aner Daachverbänn, hunn en neie Féierungsstil bei der FIFA gefuerdert. Dem schwäizer FIFA-President säi Stull schéngt also staark ze wackelen mee wéi realistesch ass e Réckzuch vum Infantino iwwerhaapt?