Déi lëtzebuergesch Aktivistin an Affekotin Nora Fellenz-Huberty ass zeréck zu Lëtzebuerg nodeems si mat der sougenannter Global Summit Flotilla a Richtung Gaza ënnerwee war. D’Flottille, déi aus 45 Booter bestanen huet, wollt eegenen Aussoen no humanitär Hëllef an d’Regioun bréngen an op d’Blockad vu Gaza opmierksam maachen.
Den 2. Oktober gouf d’Boot, op deem d’Aktivistin matgereest ass, ongeféier 30 Seemeilen virun der Gazasträif vun der israeelescher Arméi gestoppt. Si gouf duerno véier Deeg laang festgehalen, ier si fräigelooss gouf.
“Si hunn d’Booter geklaut”
Dat éischt Schëff, ganz fir an der Rei, gouf scho Mëttwochowend interceptéiert. Doropshin hätt een de Kontakt zu deem Schëff verluer. Et hätt een awer nach 10-12 Stonne kéinte weider a Richtung Gazasträif navigéieren.
Um Donneschdegmoie gouf och d’Schëff, op deem déi Lëtzebuerger Aktivistin war, ënner israeelesch Kontroll bruecht. D’Arméi hätt d’Schëff mat “staarke Waffen” iwwerholl a wier dann nach 7-8 Stonne weider gefuer.
“Mir hunn eis un internationaalt an humanitäert Recht gehalen.”
Si betount, datt d’Ekipp sech op “non-violent Resistance” virbereet gehat hätt an Trainingen dozou absolvéiert huet.
Ier d’Aktivist:innen an de Prisong bruecht goufen, hätte si um Hafe Stonne laang missen an der praller Sonn op de Kneie mam Kapp um Buedem aushalen. Et wier ee geschloe ginn, d’Saache goufe geklaut.
“D’Zaldotin, déi mech observéiert huet, huet sech en immense Spaass doraus gemaach, datt ech mech soll schlecht fillen.”
Et hätt een 48 Stonne laang keen Iesse kritt a 36 Stonne laang näischt ze drénken, esou d’Nora Fellens-Huberty.
“Ech wëll ënnersträichen, datt déi Conditiounen déi mir matgemaach hunn, sinn absolut näischt dogéint, wat d’Palästinenser musse matmaachen.”
Engagement geet weider
Esoulaang Palästina net fräi wier, géif sech d’Aktivistin weider fir d’Rechter vun de Leit aus der Gazasträif asetzen an et géife weider Flotten dohinner fueren.
Zum Donald Trump sengem Friddensplang seet d’Aktivistin, datt ee lo mol als éischt misst kucke wéi sech dat iwwerhaapt géif entwéckelen. Iwwerdeems géif et dobäi un den néidege Sanktioune fir Israel feelen.